Branchen
Divers
Kontakt
Eist Scoutshome


Adress - Plang

E klengen Historique

• 1998

    D'Iddi vun engem neien Home kënnt op. Éischt positif Kontakter mat der Gemeng ginn opgeholl.

• 1999

    Zesummen mat der Amicale ruffe mir en Aarbechtsgrupp an d'Liewen. Dëse Grupp huet als Missioun all eis Besoien ze klären a Kontakt mat engern Architekt opzehuelen.

• 2000

    Am September kënnt eisen Architekt eng éischte Kéier mat der Gemeng zesummen. Am Oktober ginn déi éischt Pläng gemaach an et kënnt zu regelméissegen Réuniounen mat der Gemeng.

• 2001

    Am November froë mir e Subside beim Familljeministère un, dee mir schons am Dezember accordéiert kréien.

• 2002

    Verschidden Pläng ginn ausgeschafft a ginn zesummen mat der Gemeng ënnert Lupp geholl. Am August gi mir eis mat der Gemeng iwwert e Plang eens an d'offiziell Demande fir de Bau vum Home gëtt gestallt. Am November ass de Plang esouwäit, dass d'Gemeng den "Avant-Projet sommaire" kann iwwerreecht kréien.

• 2003

    Abrëll gëtt en neien "Avant-Projet sommaire" agereecht. Verschidde Réuniounen mat der Gemeng ginn nach ofgehal. Ännerungen op de Pläng mussen gemaach ginn. Am November gëtt de läschten „Devis estimatif sommaire" agereecht.

2004

    No weider Réuniounen mat der Gemeng, weider Ännerungen op de Pläng gëtt am Abrëll den Projet gestëmmt. Duerno geet eise Projet nach duerch den zweeten Vote an eist Home geet an déi läscht Phase. D'Soumissioune laafen un a gi verdeelt. De Bagger ka kommen.

• 2005

    Endlech as et esou wait. Am Mäerz steet no 7 Joer plangen endlech de Bagger do! De Bau vun eisem neien Home huet ugefangen.
    Den 22. Mäerz em 14.00 gouf de Grondsteen geluegt an d'Strausfeier wor den 19. September.

• 2006

    De Bau vun eisem Home geet esou lues zu Ënn. Den 28. Mäerz huet de Buergermeeschter eist Scoutshome offiziell ageweit.

     

 • B R A V O - M E R C I

    Un dëser Stell wëlle mir profitéieren fir eisem Aarbechtsgrupp Merci ze soen fir déi wonnerbar Aarbecht, de Gemengeresponsabelen fir hiirt grousst Entgéintkommen an natiirlech dem Här Wirtz, eisem Architekt, fir séng Gedold a séng flott Pläng. En spéziellen Merci geet och un den Här Claude Wiseler an un Madame Sonja Adam fir hir groussaarteg Ënnerstetzung.

© LGS Georges Everling • Gaasperech - disclaimer