
Georges Everling
Eise Grupp
dréit den Numm vum Georges Everling.
Wien ass dat iwwerhaapt?
De Georges Everling koum den 28. Abrëll 1907 op d'Welt. Zwou Saachen hunn
a séngem Liewen eng grouss Roll gespillt: de Scoutissem a séng Resistenz
géint de preiseschen Okkupant.
Hien huet mat enger Parti Scouten eng passiv Resistenzgrupp vun de
Lëtzebuerger Scouten gegrënnt; speiderhinn ass dese Grupp mei bekannt ginn
ënnert dem Numm „Lëtzebuerger Vollékslegioun" (LVL). De Georges
Everling war an deser Organisatioun Comitésmember. Leider ass hien den 23.
Oktober 1943 verhaft ginn a koum op Hinzert. Hei ass hien den 25. Februar 1944
vun de Preisen higeriicht ginn.
Den 9. Määrz 1946 koum hien endlech a séng Heemecht zeréck a läit seit
deem um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.
(Schrëftum: „50 Joer Gaasperecher Scouten" Artikel
vum John J. Müller)
Wéini as dann de Gaasperech Grupp
entstanen?
D'Gaasperecher Scouten sinn den 10. September 1944 gebuer, awer offiziell ass
dese Grupp ereicht 1945 opgaangen.
Virdrun war et eng Mëschung zesummen mat deenen Hollerecher zu Hollerech.
Schons am Hollerecher Grupp haten d'Gaasperecher ëmmer eppes ze soen. De Grupp
huet deemols 1939 „Grupp St. Georges Hollerich-Gasperich" geheescht, mä
1940 war et besser dese Grupp opzeléisen, well d'Scoutsbeweegung war dem
Okkupant en Dar am Aan. Duerfir ass et nom Krich eréischt nees richteg lass
gaangen mat engem eegestännegen Grupp.
Den Zoufall wëllt et haut esou, dass den Numm vum éischte Gruppechef a vum
heitege Gruppechef dee selwechten ass: BECHET. Just dass et haut de Jong vum
éischten Gruppechef ass: de Charel.
Dest ass de Beweis dass de Scoutismus eppes ewéi e Virus ass... awer e
flotten a gesonden.
|